Mittwoch, 30. März 2011

LMWA-Generalversammlung vum 24.3.2011

zou Colamr Bierg am Restaurant Neptwone



Présent woaren: Romain Scheffen, Andy Brucker, Maggy Parries, Yvonne an Abbes Wanderscheid, Lynn Koetz, Carlo Miller, Henri Schwirtz an Jean-Marie Resch.


Entschëllegt gefehlt hun: Fons Schneider an Romain Heckemanns.



An ménger Begréissung resp. am Rapport d'activités sin ech e.a. op d'Entrevue mat der CS op der IMS am Dezember angaangen. An deem Zesummenhang hun ech och den H. Schwirtz als Member vum BE vun der CS begréisst, hien awer gebéiden, daat, wouvun mir geschwaat hun als LMWA-Interna ze behandeln. Ferner hun ech och nach (Auto-)sport-Problematik am LW ungeschnidden.


Am Plaatz vum Caissier F. Schneider hun ech an ménger Funktioun als Président och den Kassenbericht virgedroen. Den Bericht ass vun der GV approuvéiert gin. D'Cotisatioun ass bei 15.- EUR geloos gin. Et hun och all Memberen (mëndlech Zouso vum L. Koetz) hir Cotisatioun bezuehlt.


Beim Punkt vun der Désaffiliatioun/ Affiliatioun ass dem Carlo Schmiz séng Démissioun (schréftlech rangereecht via Mail) zur Kenntnis geholl gin. Iwert dem Alain Kleebatt (Chefredakteur vum Site moto-online.lu) séng Demande ass nët oofgestëmmt gin.


Vu datt den Site den meeschten Memberen onbekannt ass, wëllen sie fir d'éischt mol nach en Bléck drop werfen. Zudem gëtt verlangt, datt hien noweist, wéi oft den Site ungeklickt gëtt. An dem Zesummenhang ass och festgehaalen gin, datt dem M. Parries sein automobilsport.com weiderhin als Referenz déngt. Zu der Demande hun ech nach bemierkt, datt ech Demande "en bonne et due forme" am November kritt hun, awer den A. Kleeblatt seitdem naischt méih vun sech héieren geloos huet.


An der freien Aussprache huet den A. Bucker gesoot, datt déi nei LMWA-Kaarten an der Produktioun sin an hien se wärd jidderéngem heemschécken. Kritiséiert an sech un den H. Schwirtz als BE vun der CS gewandt, huet den Andy den Fait, datt nëmmen 2 Wochen virun der "Rallye Housen" d'CS d'Gruppen nei angedeelt huet.


D'Iessen vun deem Owend huet jiddereenen selwer bezuehlt, d'Gedrénks huet d'LMWA iwerholl.



Jean-Marie RESCH, Präsident LMWA

Keine Kommentare: